De Lap seet jidderengem MERCI, deen um Beweegungsfest deelgeholl huet, a besonnesch der ganzer Ekipp déi dësen Dag onvergiesslech gestallt huet.
Dëst guff mat Workshops am Virmëtte fir Professioneller & villen Familljen-Aktivitéiten am Nomëtte gefeiert.
Ee grousse MERCI geet och un d’Altesse Royale Grand-Duchesse, den Educatiounsminister Claude Meisch ewéi de Buergermeeschter vu Leideleng den Här Gil Linster.



























